REPEAT:

Da Costa Manuel

mh23
LYRICS:

A moies fréi
fueren ech mat Camionette
do ass et vill mi kaal
wéi doheem an mengem Bett.
Ech fueren net lues,
Ech fueren net schnell,
well ech sin deen béschten
DA COSTA MANUEL.

An sin mir um Chantier,
dann huel ech meng Schëpp,
Um ningesch Auer,
drenken mir di éischte Drëpp.
Mir bauen dann eng Strooss,
di ass vill ze gewellt,
mat ville schwarze Makadam
vum DA COSTA MANUEL.

Da Costa Manuel op de Chantier,
Da Costa Manuel bei der Cäsch de maladie,
Da Costa Manuel bei Maria!
Da Costa Manuel deen Numm vergiess dir nie,
an fuert dir mol iwer d'Strossesch
an den beton ass hell,
dat heecht et ass eng Stross
vum DA COSTA MANUEL.

Ech sin emmer éierlech,
Ech hun nie geklaut.
Ech hun all meng Heiser
mat de Kannergeld gebaut.
An op de Chantier sin ech Kolonell,
well de Chef vun de Baustell ass,
DA COSTA MANUEL.

Meng Fra geet och schaffen,
bei räiche Famill.
Si schafft do 6 Stonnen,
mee t'ass net su vill.
An no de Steieramt,
kriss naicht vun de Geld,
well fir si sin ech deen aarmen
DA COSTA MANUEL.

DA COSTA MANUEL op de Chantier
Da Costa Manuel bei der Cäsch de maladie,
Da Costa Manuel bei Maria!
Da Costa Manuel deen Numm vergiess dir nie,
an fuert dir mol iwer d'Stross
an den beton ass hell,
t'ass bestemmt eng Stross
vum DA COSTA MANUEL.

Geschwënn gin ech a Portugal,
belgekumall,
do maach ech eng Tankstell op,
an dat op jidde Fall.
An dir musst dir mol tanken,
an dir braucht Gasuell,
dann kommt direkt bei mech,
bei DA COSTA MANUEL.

De Lidd dat ass fairdeg,
ech wees net wisou,
mee ech mengen ganz dohannen,
geet de Rideau schon zou,
an kommt dir dann bei mech,
dann geet et ganz schnell,
well dann sidd dir bei mir,
beim DA COSTA MANUEL.

DA COSTA MANUEL op de Chantier
Da Costa Manuel bei der Cäsch de maladie,
Da Costa Manuel bei Maria!
Da Costa Manuel dee vergiess dir nie,
an fuert dir mol iwer d'Stross
an den beton ass hell,
t'ass bestemmt eng Stross
vum DA COSTA MANUEL.

oh t'ass bestemmt eng Strooss vum DA COSTA MANUEL,
well t'ass bestemmt eng Strooss vum DA COSTA MANUEL.
oh caralho...
SHOW LESS